top of page
 20220720-076 _edited.jpg

Wéi gesäit den Oflaf vun enger psychologescher Berodung an der Natur aus?

Beim Spadséieren oder einfach beim Sëtzen an der Natur (oder dobanne), verschafe mir eis an engem Gespréich en éischten Iwwerbléck iwwert Äert aktuellt Leiden. Mir siche gemeinsam wou Dir, mat eisen zukünftegen Naturberodungsseance, wëllt hikommen a mir kucken no Äre Wënsch a no Äre Erwaardunge un eiser Zesummenaarbecht.

Ëmmer am Hibléck op
Är Virstellungen
, erfuersche mir zesummen méiglech Ursaachen, Obstakelen an Blockaden. Mir schaffe gemeinsam un ëmsetzbare Léisungsschrëtt, déi Dir een no dem aneren an Ären Alldag abaue kënnt.

D’Natur ënnerstëtzt de kreative Prozess beim Fanne vun den Ziler an ass dobäi eng wichteg Ressource. Mir wäerten Är Stäerkten an Är eege Ressource ervirhiewe fir se als Är Kompetenze bei der Léisung vum Problem ze notzen.

Dir decidéiert iwwert den Tempo vum Goen, ech passen mech Ärem Rhytmus un. Äre Fitnesszoustand ass hei net wichteg. Eis kuerz op eng Bänk setzen oder e klenge Moment stoen bleiwen gehéieren zum walk&talk dozou. Déi Momenter sinn wëllkomme Pausen, fir sech eng kleng Notiz ze maachen, sech kuerz auszerouen oder d’Natur ganz bewosst wouerzehuelen.

Sollt et en Dag reenen, hunn ech zwee Prabbelien derbäi. D’Berodung kann och dobanne stattfannen oder per Videokonferenz.

bottom of page