top of page
personnes marchent forêt.png

walk & talk

walk & talk (goen a schwätzen) ass e Konzept dat als psychologesch Berodung an der Natur beschriwwe ka ginn. Gespréicher mat Clienten an der fräier Natur, sief et beim Goen, beim Sëtzen, oder eng Mëschung vun deenen zwee, gëtt der Seance eng ganz aner, positiv Dynamik.

E Gespréich am Goen an der Natur hëlleft beim Spiere vun eegene Ressourcen an eegener Kraaft. D’Wouerhuele vun Emotioune, Gedanken an ënnerlech Prozesser gëtt erliichtert.

Nei Perspektiven entwéckelen sech a positiv Siichtweise ginn op.

Woubäi hëlleft d’Natur?

D’Natur fërdert ons psychesch a physesch Gesondheet op ville Punkte:

  • Bols an de Bluttdrock ginn erof

  • Stresshormon Kortisol geet erof

  • Schlofqualitéit verbessert sech

  • natierleche Killerzellen an eisem Immunsystem ginn aktivéiert

  • Wuelbefannen an d'Entspanung verbesseren sech

  • Depressiounssymptomer ginn erof

bottom of page