top of page
Foggy Forêt

Dat soe meng Clienten*:

​​

Danielle S.:

 „Am Bësch ze schwätzen ass vill méi befreiend wéi an engem Therapieraum oder an enger Praxis. Am Bësch kritt alles wat ee seet méi Platz, alles wat geschwat gëtt bleift net esou schwéier am Raum hänken.“

 

Françoise F.:

 „Är Aart a Weis op mech  anzegoen, d‘Trëppelen an d’Natur huet mir gehollef Kloerheet a meng Gedanken a Gefiller ze bréngen a huet mech konkret virubruecht. Villmools Merci dofir!“

 

Alain M.:

 „Wärend onse Spadséiergäng ass et esou bei mir:

Ech denken aneschters. Ech mengen ech si  méi kreativ. Ech mengen et ass eng aner Aart a Weis vum Denke wéi op engem Stull oder an enger Couch ze sëtzen. Wann ech dobausse sinn, fillt mäi  Kierper sech méi oppen un.

Ech verbanne mech méi einfach matt mengen Emotioune a matt mengem Kapp. D’Stimuléierung duerch d’Beweegung  an der frëscher Loft dréit sécherlech dozou bäi, dass meng Denkprozesser sech  méi liicht ufillen.

Villmools Merci fir dës  Offer an der Natur.“

 

Milan J.:

 „Ons Seance hu mir gehollef meng Gedanken ze zortéieren a mech ze léisen. De Fait ze trëppelen  huet bei mir am Kapp eng Zort Prozess ausgeléist: wat mir mei getrëppelt si, wat meng Gedanke méi kloer a méi positiv gi sinn. Ech mengen et war méi einfach mäi Kapp vun negativen a kreesend Gedanken ze befreien a mech dorobber ze konzentréieren wat viru mir louch: d’Natur.

Ech kann déi Zort vu psychologescher Berodung nëmme recommandéieren.“

​

Catherine B.:

 „Mir gefält de walk and talk gutt, well ech beim Goen meng Emotiounen esou schéin a Beweegung ëmsetze kann an dat hëlleft mir meng Emotioune  besser ze spieren an z‘erkenne.

Merci fir déi flott Iddi vum Austausch a Goen an der  Natur.“

​

* Dës Commentaire sinn ënnert engem Pseudonym a mam Averständnes vum Client verëffentlecht.

bottom of page