top of page
Kyoto 20170415_017 .JPG

Mäin Usaz

Meng Approche ass ganzheetlech a betruecht de Mënsch als Ganzt an als Deel vun engem méi grousse Ganzt: d’Persoun a sengem Liewenskontext an a senger sozialer Ëmwelt. Am Fokus steet den Individuum an den Kontext an deenen hir Interaktiounen. Ech beuechte physiologesch (kierperlech), psychologesch, emotional, mental an spirituell Dimensioune, genau esou wéi Bewosstsinn- an Entwécklungsniveauen.

Ech probéieren ze verstoen, wéi dës verschidden Dimensiounen zesummewierke fir d’Verhalen an d’Bewosstsinn ze beaflossen.

Mäin Usaz geet der persounenzentréierter humanistescher Psychologie vum Carl Rogers no. Nom C. Rogers huet all Mënsch en ”Eegenkonzept” wat seng Perceptioune, Iwwerzeegungen a Bewäertungen iwwert sech selwer duerstellt. Déi perséinlech Entwécklung ass e kontinuéierleche Prozess, dee vun Erfarungen an Informatioune beaflosst gëtt.

Ech gebrauchen eng Kombinatioun vu kognitiver Verhalenstherapie, Akzeptanz- an Engagements-Therapie an Achtsamkeet fir deem Eenzelnen ze hëllefen seng Zieler ze erreechen. D’Flexibilitéit vun de verschiddene Methoden erméiglecht et mir meng Interventiounen esou ze gestalten, dass d’Fäegkeeten an d‘Ressource vu jidder eenzelnen optimal ënnerstëtzt gi.

bottom of page