top of page
Iwwert mech
Kuerz: ech sinn an Dänemark gebuer an zu Lëtzebuerg opgewuess. Ech hunn an der Belsch an an Éisträich Architektur studéiert, wou ech och mäin Diplom ofgeschloss hunn. Zeréck op Lëtzebuerg, hunn ech siwwenzéng Joer als Architektin geschafft. An där Zäit hunn ech mech bestuet a sinn Mamm vun 3 Kanner ginn.
Psychologie hunn ech zu Lëtzebuerg studéiert wou ech mäi Master of Science erfollegräich ofgeschloss hunn. Haut sinn ech psychologesch Beroderin a schaffen an der Natur.
D’Iddi eppes Neies an mengem Liewen ze maachen, ass mir komm wéi ech erkannt hat, dass den Beruff vum Architekt mech ëmmer manner erausgefuerdert huet. Esou hunn ech mech am Studium vun der Psychologie op der Universitéit vu Lëtzebuerg ageschriwwen. No verschidden Stagen an Erfarungen an den Klinicken, mengem Ofschloss als Psychologin, hunn ech decidéiert mech als psychologesch Beroderin selbststänneg ze maachen.
Bei wichtegen Decisiounen, an schwieregen Zäiten, oder wann ech nei Energie gebraucht hunn, sinn ech ëmmer an den Bësch gaangen, hunn mech den Beem zougewannt. Den Bësch gëtt mir Kraaft. D’Erfarunge mat mengen Openthalter an der Natur waren ëmmer positiv, hunn mech ëmmer erëm opgeriicht an mir néi Perspektiven opgemaach.
Déi Erfarunge wëll ech mat de Mënschen deelen, déi e Rot sichen, e nei Wee fanne wëllen fir Problemer unzegoen, déi sech an enger Liewenskris befannen oder bei schwieregen Entscheedungen en*g Begleeder*in an eng Vertrauenspersoun brauchen. Ech wëll déi Mënschen ënnerstëtzen hir eegen Ressourcen dank der Natur ze fannen, ze spieren an ze notzen.
Aktuell sinn ech an enger Formatioun fir Leit a psychologescher Nout ze ënnerstëtzen. Reegelméisseg sinn ech an der Supervisioun wou erfuere Psychologen an Therapeute mech qualitativ coachen a guidéieren.
bottom of page