Natur a Mënsch
D’Presenz vu Beem beaflosst déi mënschlech Gesondheet. De mënschlechen Immunsystem reagéiert op déi planzlech Moleküller, d’Terpeenen, mat enger signifikanter Steigerung vun eisen Ofwierkräfte.
Den Openthalt tëschent Beem a Planzen erméiglecht onsem Kierper den natierlechen Niveau vu senge Ofwierkräft nees an den Equiliber ze bréngen. An der Natur aktivéiert de Parasympathikus (= Deel vum vegetativen Nervesystem zoustänneg fir d’Regeneratioun vum Organismus, d’Energiereserven an d’ënnerlecht Gläichgewiicht ) de Prozess vun der zellulärer Heelungskraaft.
Beweegung reegt nei a flexibel Siichtweisen un a fërdert doduerch Verännerungsschrëtt.
Ville Mesche fält et beim Goen méi liicht Problemer unzeschwätzen an iwwert relevant Themen ze schwätzen. An der Natur wierkt d’Goen zousätzlech positiv op all eis Sënner an dréit dozou bäi, sech op de Moment anzeloossen. Kreesend Gedanken a Ruminatioune kréien en anere Stellewäert.
Zukunftsängschte berouegen sech. D’Lassloosse gëtt ënnerstëtzt.
Beim Goen setzt dat zentraalt Nervesystem sougenannten Neurotransmitter fräi. Dës Messageeën am Gehier verbesseren eis Denkleeschtung an eis Kreativitéit, eist Kuerzzäitgediechtnes an eis Fäegkeet Problemer ze léisen.
Beim Goen steigt de Sauerstoffgehalt am Blutt wat eis d’Gehier an all eis Organer stäerkt.