top of page
chaises.JPG

Wéi ech mat Iech schaffen:

Vill Mënsche fannen et desagreabel an engem Büro vis-à-vis vun engem Therapeut ze setzen an iwwert verletzt Gefiller a schwéier Erfarungen ze schwätzen.
Dat ass e Grond firwat déi meescht vu menge Berodungen an der Natur stattfanne.
Mir wäerten entweder
bei engem Spadséiergang oder am Sëtzen an der Natur, momentan Schwieregkeeten a Problemer an Ärem Liewen beschwätzen. D’Natur hëlleft eis dobäi, d’Saachen aus enger anerer Sicht ze betruechten. Am Goen fält munches méi liicht.

D’Berodung kann och
dobanne matt Ausbléck op d’Natur stattfanne, oder per Videokonferenz.

Aktiivt Nolauschteren bedeit dat ech Iech opmierksam an ouni ze wäerten nolauschteren. Dozou huelen ech eng oppen, respektvoll an empathesch Haltung Iech an dem Gespréichscontenu géigeniwwer un.

Ech wäert Är Äusserungen uechten a respektéieren an d’Konditioune schafe, déi et Iech erliichteren, de Problem ze erkennen a mat Hëllef vun Ären eegene Ressourcen a Fäegkeeten ze léisen.
Mäin Usaz ass net direktiv, dat heescht ech wäert Iech net meng Iddien oder Léisungen diktéieren, villméi Ären eegene Prozess vun engem Bewosst ginn an dem senger Entwécklung erliichteren.

bottom of page